Dienstag, 19. Dezember 2006

Walk to Fisherman's Wharf with "the tourists" - 53. Daag

Haut sin dem Lauri seng Elteren a säin Brudder ukomm, well si hei eng Woch Vakanz maachen.
Mir sin also haut mol no der Schoul e bessen mat hinnen duerch d'Staat getreppelt fir den obligatoreschen Sightseeingprogramm duerchzekréien. Vum Union Square sin mer duerch Chinatown bis zur Wharf getreppelt, hun eis d'Seiléiwen ugekuckt an sin owes an North Beach italienesch iessen gang.
Dunn huet eisen Besuch sech zimmlech fréi am Owend dem Jetlag ergin...
Fir déi nächst Deeg stin eis also nach en ganzen Koup Ausflig bevir.
Nodems mer eis am Fong mettlerweil schon richteg hei ageliewt hun, wärten mer eis des Woch bestemmt selwer rem wéi Touristen fillen.

Keine Kommentare: