Owes waren mer dunn mam Christine an mam Tom an d'Fillmore Street an den Jazz Club Rasselas iessen, daat ass en ethiopeschen Restaurant mat enger stylischer Jazzbar kombineiert...et haat wierklech eppes, an d'Iessen war super! Mir gin soulues richteg Fan vun Afirkaneschem Iessen. Vir den Owend dunn gemittlech ausklengen ze loossen sin mer na an den Trader Vic's e klengen Cocktail drenken gaang. Daat ass amfong och e Restaurant, deen thaitescht Iessen zerveiert an och deementspriechend immens cool dekoreiert ass, sou mat Masken an groussen Holzkanuen dei vum Plafond hänken. D'Cocktailskaart war rieseg an eist Gedrenks huet ons all geschmaacht... do kenne mer roueg nach eng Keier goen ;)!
Freitag, 29. Dezember 2006
St. Mary, Fillmore, Rasselas and Trader Vic's - 63. Daag
Owes waren mer dunn mam Christine an mam Tom an d'Fillmore Street an den Jazz Club Rasselas iessen, daat ass en ethiopeschen Restaurant mat enger stylischer Jazzbar kombineiert...et haat wierklech eppes, an d'Iessen war super! Mir gin soulues richteg Fan vun Afirkaneschem Iessen. Vir den Owend dunn gemittlech ausklengen ze loossen sin mer na an den Trader Vic's e klengen Cocktail drenken gaang. Daat ass amfong och e Restaurant, deen thaitescht Iessen zerveiert an och deementspriechend immens cool dekoreiert ass, sou mat Masken an groussen Holzkanuen dei vum Plafond hänken. D'Cocktailskaart war rieseg an eist Gedrenks huet ons all geschmaacht... do kenne mer roueg nach eng Keier goen ;)!
Donnerstag, 28. Dezember 2006
Transamerica Pyramid and Marrakech Shishabar - 62. Daag
Owes sin mer dunn mat eiser internationaler Clique an den Marrakech eng Shisha femmen an eppes drenken gang an hun eis vun der Bauchdänzerin entertainen geloss ;)
Dono as den Sacha nach mam Tom an mam Carlos an d'Rye Bar Billard spillen gang. (An huet mat gaaaanz vill Chance tatsächlech och na gewonn) :)
Mittwoch, 27. Dezember 2006
Mission Dolores and Dolores Park - 61. Daag
D'Mission Dolores as daat eelsten Gebai an der Staat an hei huet och den Hitchcock säin "Vertigo" gedreit.
Dono sin mer kuerz bis na an den Park an der Dolores Street gangen an sin d'Stross dei komplett mat groussen Palmen gesäumt as bis zur Market Street eropgetreppelt. Dono sin mer na schnell mat der Cable Car an den supermarche gefuer, well mir gin jo lo net mei stänneg vum Löri sengen Elteren mat duerchgefiddert, sniff!
Montag, 25. Dezember 2006
Nob Hill, Lombard Street, Hyatt Regency and Christmas Day - 59. Daag
Mei speit am Daag sin mer eis dunn na d'Lobby vum Grant Regency Hotel nieft dem Embarcadero Center ukucken gang, dei wirklech beandrockend as. Die grouss eisen Statuen virun der Oakland Bay Bridge sin och wierklech derwärt eng Keier kucken ze goen.
Owes sin mer dunn op en Christmas Buffet an den Marriot Hotel iessen gangen
Sonntag, 24. Dezember 2006
American Football and Christmas Eve - 58. Daag
D'San Francisco 49ers hun geint d'Cardinals gespillt. Et war eng genial Atmosphäre am Stadium, an et huet een nees gemierkt, dass d'Amien awer och aus allem eng Riesenshow maachen kennen. Um Schluss huet "eis" Equipe leider verluer, ma mir hun eis awer gudd amüséiert.
Owes hun mer dunn eis Chreschtkadoen ausgetauscht an sin an den Grand Hyatt iessen gang.
Dono sin mir zwee dunn na an North Beach gefuer, wou mer eis na mat e puer vun eisen Kolleegen an enger Bar getraff hun fir den Owend ausklengen ze lossen.
Samstag, 23. Dezember 2006
Santa Cruz, Monterey, Carmel and Scenic Drive - 57. Daag
Zu Santa Cruz hun mer eis den Vergnügungspark direkt un der Plaage ugekuckt, deen awer leider an der Wanter Saison zou as.
Dofir sin mer schnell weider op Monterey gefuer. Hei hun mer eis dunn d'Fisherman's Wharf ugekuckt an sin an d'Aalstaat eppes iessen gang. Dunn hun mer den Scenic Drive geholl deen duerch en Natur Park feiert, an dem mer emmer erem well Déieren gesin konnten.
Zu Carmel hun mer eis d'Mission Kierch ugekuckt, eng vun den älsten an Kalifornien an hun na en Café gedronk, éi mer eis rem op den Wee zreck gemach hun.
Owes sin mer dunn na mam Cable Car op d'Wharf gefuer wou mer an den Rainforest Cafe iessen gang sin.
Freitag, 22. Dezember 2006
Golden Gate Bridge, Presidio, Golden Gate Park, Civic Center - 56. Daag
Firt eischt sin mer bei d'Golden Gate Bridge gefuer an sin dunn selwer firt eischt Keier och wirklech driwwer gelaaf. Vun hei haaten mer eng wonnerschein Vue iwwert d'Bay an konnten och direkt ennert der Breck Delphiner beobachten.
Dunn sin mer duerch den Presidio, bis bei den Palace of Fine Arts getreppelt, wou mer dunn den Bus an den Park geholl hun. Nodeems den Jacques am Restaurant vum De Young Musée den "beschten Cheeseburger ever" giess huet an de Sacha zesummen mam Laure sengem Papp e "gudden Béier" (Anchor Steam rockt!) gedronk huet, sin mer dunn weider bis an d'Haight Street getreppelt wou mer dunn den Bus bis zum Civic Center geholl hun. Hei hun mer eis d'Rathaus nach eng Keier vun bannen ugekuckt.
Owes sin mer nach an den John's Grill iessen gang, en klengen, mee emmer vollgepaakten Resto mat Jazz Musik an der Ellis St.
Donnerstag, 21. Dezember 2006
Exploratorium, shopping and "A Christmas Carol"- 55. Daag
Mittwoch, 20. Dezember 2006
Alcatratz and Cityscape restaurant - 54. Daag
Dono sin mer dunn op Alcatratz gefuer. Vu que, dass mir deen Ausflug jo schon gemaach hun, hun mir des Kéier net méi d'Audiotour matgemach, mee sin op eegen Fauscht e bessen op der Insel ronderem gezunn.
Mir hun eis dobäi e bessen dei ongeweinlech Vegetatioun an dei vill verschidden Fullepopulatiounen ugekuckt.
Dono sin mer nach e bessen an der Staat rondrem gezunn, hun eppes an der Boudin Bakery gedronk an sin owes an den Cityscape, en Restaurant am 46. Stack vum Hilton, iessen gang, vun wou aus een eng genial vue iwwer déi ganz Staat huet.
Dienstag, 19. Dezember 2006
Walk to Fisherman's Wharf with "the tourists" - 53. Daag
Mir sin also haut mol no der Schoul e bessen mat hinnen duerch d'Staat getreppelt fir den obligatoreschen Sightseeingprogramm duerchzekréien. Vum Union Square sin mer duerch Chinatown bis zur Wharf getreppelt, hun eis d'Seiléiwen ugekuckt an sin owes an North Beach italienesch iessen gang.
Dunn huet eisen Besuch sech zimmlech fréi am Owend dem Jetlag ergin...
Fir déi nächst Deeg stin eis also nach en ganzen Koup Ausflig bevir.
Nodems mer eis am Fong mettlerweil schon richteg hei ageliewt hun, wärten mer eis des Woch bestemmt selwer rem wéi Touristen fillen.
Sonntag, 17. Dezember 2006
Nob Hill, North Beach, Wharf - 51. Daag
Donnerstag, 14. Dezember 2006
Cartoon Art Museum and Yerba Buena Garden - 48. Daag
Op alle Fall war haut deen eischten Daag seit e Freideg wou et net gereent huet a mir eis op d'Strooss getraut hun. Well et trotzdem na e bessen onsecher war sin mer dunn an den Cartoon Art Museum gang, deen eng flott Kollektioun vun Originalwierker vun Comicstrips an Trickfilmer huet. Et ass zwar en relativ klengen Musee mee et war awer wierklech ganz interessant vir eng Stennchen dobannen iwert dei eenzel kleng Sketcher ze laachen ;)!
Owes sin mer bessen duerch den Yerba Buena Garden getreppelt, deen wei den Rescht vun der Staat an Chreschtdaagskitsch gekleed as.
Dunn sin mer an den Kino "Deja Vu" kucken gaang an dono bei den Italiener hei an der Stross eppes iessen gang.
Donnerstag, 7. Dezember 2006
Noe Valley - 40. Daag
Haut sin mer fir eisen Business English Cours op Noe Valley gefuer. Mir kruten d’Aufgab vun deser Géigend vun San Francisco en Survey ze maachen, fir en theoreteschen Business do ze starten, also haaptsächlech eng Recherche ze maachen, waatwer Caféen, Geschäfter etc. een do schon opfannen kann.
Mir hun virdrun näischt vun No Valley gewosst an waren ganz positiv iwwerrascht vun desem friddlechen an liicht alternativem Véirel.
Dono sin mer mam Cable Car an d’California Street gefuer fir ankaafen ze goen
Mittwoch, 6. Dezember 2006
Exploratorium - 39. Daag
Den Owend sin mer mam Christine fir säin Gebuertsdaag en Cocktail an d'Rye Bar drenken gang.
Dienstag, 5. Dezember 2006
Legion of Honor - 38. Daag
Sonntag, 3. Dezember 2006
Glide Church and Japanese Tea Garden - 36. Daag
Haut sin mer de moien fréi opgestaan fir an d’Mass ze goen... Jo, mir sin dach net tatsächlech an eng Mass gang ! Bon, zu eiser Verteidigung sin mer virun allem wéinst der Gospelmusik an déi Mass gang... D’Glide Church as eng vun den bekanntesten Methodisten Kirchen iwwerhaapt an d’Leidd stin Sonndes Moies an enger laanger Schlaang fir sech déi aussergeweinlech lieweg Mass unzekucken. Et war wuehl eng interessant Erfahrung.
Dunn sin mer an d’Crepe House an der Post St. iessen gang an sin dono mam Bus an den Golden Gate Park gefuer wou mer eis den Japanese Teagarden, den Botanical Garden an d’Strawberry Hills ugekuckt hun.
Owes sin mer dunn an North Beach, d’“Little Italy“ vun San Francisco gefuer wou mer am Calzone, en megaleckeren Restaurant owes giess hun.
Um Wee heem hun mer eis nach eng Kéier déi kitscheg Macy's Chreschtdaagsbeliichtung ugekuckt.
Samstag, 2. Dezember 2006
Berkeley - 35. Daag
Wéi mir do waren huet grad en Footballmatch stattfond, waat der Staat na méi en starken Studentenflair gin huet. Sou gudd wéi jiddereen war an den Fuerwen vun der Uni: blo a giel gekleed, an den Virgärt vun den Verbindungshaiser hun dekadent Partyen stattfond an d'Stemmung war zimmlech lieweg. D'Iirs huet eis e bessen um Campus ronderem gefouert an sou kruten mer en Ableck an dat nawell zimmlech elitärt a klassenbezunnent amerikanescht Héichschoulsystem