Freitag, 29. Dezember 2006

St. Mary, Fillmore, Rasselas and Trader Vic's - 63. Daag

Haut hun mer eis emol d'St. Mary's Church ugekuckt. Dest onheemlecht Gebai prunkt vun architektoneschem Wahnsinn. Déi Uergel "schwiewt" an der Loft, d'Kraiz iwert dem Altor hänkt zweschen enger ganz spezieller Konstruktioun vun Stolstefter dei vum Plafond erofhänken, an iwerhaapt fillt een sech dobannen immens kleng well d'Gebai enorm heich ass an d'Luucht just duerch e puer ongefeier 1meter breet faarweg Fensterstreifen eranfällt.
Owes waren mer dunn mam Christine an mam Tom an d'Fillmore Street an den Jazz Club Rasselas iessen, daat ass en ethiopeschen Restaurant mat enger stylischer Jazzbar kombineiert...et haat wierklech eppes, an d'Iessen war super! Mir gin soulues richteg Fan vun Afirkaneschem Iessen. Vir den Owend dunn gemittlech ausklengen ze loossen sin mer na an den Trader Vic's e klengen Cocktail drenken gaang. Daat ass amfong och e Restaurant, deen thaitescht Iessen zerveiert an och deementspriechend immens cool dekoreiert ass, sou mat Masken an groussen Holzkanuen dei vum Plafond hänken. D'Cocktailskaart war rieseg an eist Gedrenks huet ons all geschmaacht... do kenne mer roueg nach eng Keier goen ;)!

Keine Kommentare: