Freitag, 22. Dezember 2006

Golden Gate Bridge, Presidio, Golden Gate Park, Civic Center - 56. Daag

Haut hun mer mat dem Laure senger Famill en langen Spazeiergang gemach.
Firt eischt sin mer bei d'Golden Gate Bridge gefuer an sin dunn selwer firt eischt Keier och wirklech driwwer gelaaf. Vun hei haaten mer eng wonnerschein Vue iwwert d'Bay an konnten och direkt ennert der Breck Delphiner beobachten.
Dunn sin mer duerch den Presidio, bis bei den Palace of Fine Arts getreppelt, wou mer dunn den Bus an den Park geholl hun. Nodeems den Jacques am Restaurant vum De Young Musée den "beschten Cheeseburger ever" giess huet an de Sacha zesummen mam Laure sengem Papp e "gudden Béier" (Anchor Steam rockt!) gedronk huet, sin mer dunn weider bis an d'Haight Street getreppelt wou mer dunn den Bus bis zum Civic Center geholl hun. Hei hun mer eis d'Rathaus nach eng Keier vun bannen ugekuckt.
Owes sin mer nach an den John's Grill iessen gang, en klengen, mee emmer vollgepaakten Resto mat Jazz Musik an der Ellis St.

Keine Kommentare: