Mittwoch, 20. Dezember 2006

Alcatratz and Cityscape restaurant - 54. Daag

Haut sin mer déi eicht Keier mat den Elcheroths am Hilton Cafe drenken gang, an hun gudd vun dem immensenen Buffet profiteiert :)
Dono sin mer dunn op Alcatratz gefuer. Vu que, dass mir deen Ausflug jo schon gemaach hun, hun mir des Kéier net méi d'Audiotour matgemach, mee sin op eegen Fauscht e bessen op der Insel ronderem gezunn.
Mir hun eis dobäi e bessen dei ongeweinlech Vegetatioun an dei vill verschidden Fullepopulatiounen ugekuckt.
Dono sin mer nach e bessen an der Staat rondrem gezunn, hun eppes an der Boudin Bakery gedronk an sin owes an den Cityscape, en Restaurant am 46. Stack vum Hilton, iessen gang, vun wou aus een eng genial vue iwwer déi ganz Staat huet.

Keine Kommentare: