Samstag, 20. Januar 2007

Thank You San Francisco!

Nodeems mer dann haut eng leschte Keier an der "Weihnachtsstube" (jo sie ass na emmer dekoreiert) gefrühstückt hun, sin mer dunn mam shuttle op den Flughafen gefuer.
An der Lobby goufen mer virdrun awer na ganz leif vun der ganzer Equipe (Carlos, Gustavo, Christian, Iris, Ria, Michel) verabschied, waat eis et net mei einfach gemaach huet...
Mee bon, et war eng mega cool Zait an mir sin immens frou dat mer daat machen konnten. Lo gin mer eben nees heem, do ass et jo och schein ;)
Merci San Francisco, an bis hoffentlech ganz geschwenn!
-Lauri a Sacha

Freitag, 19. Januar 2007

Goodbye to the Golden Gate Bridge, Farewell dinner and Party - 83. Daag

Haut hun mer schwéieren Herzens eis Saachen gepaackt. Och den, mettlerweil, fuerweg decoréierten Spigel huet missen demontéiert gin, waat eis Kummer direkt e bessen méi kaal wirken geloss huet. Muer um 4 geet dann schliesslech eisen Fliieger zréck an good old Europe.
Dono sin mer an d'Schoul den Carlos sichen gang, den mat eis op Beach bei der Golden Gate Bréck fueren wollt. Mir hun der Bréck an, natirlech och schon e bessen der Staat selwer Eddi gesot.
Dunn sin mer na eng leschten Kéier an den Brandon College gefuer, wou mer eis Onlinereservéierung fir den Fluch heem gemach bestätegt hun, an dem Res, dem Direktor vun der Schoul Eddi gesot hun.
Dono sin mer na eng lescht amerikanesch Glace an den Coldstone iessen gang. :)

Owes dunn sin mer mat der ganzer Trupp (mettlerweil sin mer schon zu 15) an den Mona Lisa an North Beach iessen gang an hun dono na eng leschte Kéier am Cosmo Party gemach an eis vun all eisen neien Frenn verabschied.
Mir wéillten am léiwsten na eng Zäit heibleiwen...

Donnerstag, 18. Januar 2007

Dinner with Michael and 'German' Party @ Cosmo - 82. Daag

Haut sin mer no der Schoul na e bessen spazéieren gang, hun en Café gedronk an sutzen einfach e bessen um Union Square rondrem fir den Leidd nozekucken.
Owes dunn sin mer mam Michael, engem vun eisen Proffen an den Jeanne d'Arc iessen gang. Mir haaten heen zesummen mam Christine an Tom agelueden, fir em Merci ze soen, fir alles waat mer vun him geléiert hun an dofir, dass en dem Laure och bei enger Aarbecht fir d'Uni weidergehollef huet. Mir hun eis gudd mat him amüséiert an haaten en flotten Owend mat ganz interessanten Diskussiounen.
Dono sin mer dunn na an d'Cosmo Bar gang, wou den Gustavo eng 'German' Party fir all déi däitschsprocheg Hotelgäscht organiséiert huet. Natirlech as dobäi och vill däitschen Béier gefloss... ;)

Mittwoch, 17. Januar 2007

Embarcadero Boulevard and Pool Tournament - 81. Daag

Haut sin mer nees no der Schoul e bessen duerch d'Staat spazéiert. Laancht d'Market as et bis zum Ferry Building gang an vun do sin mer dunn den Embarcadero Bld. südlech erofgetreppelt bis zum AT&T Park, den Baseballstadium vun den San Francisco Giants. Vun do sin mer dunn d'Third Street zréckgetreppelt bis zum Yerba Buena Garden.
Owes war dunn en Pool Tournament am Cosmo wou mer den Carlos, Gustavo an Tom ufeieren gang sin.

Montag, 15. Januar 2007

Haight Street and Ocean Beach - 79. Daag

Nodeem mer de moien all zesummen an den Hilton ausgiebeg Cafe drenken waren, hun mer eis dunn mettes Richtung Mier gemach.
Firt eischt sin mer e bessen duerch den eemolegen Hippie Distrikt laancht d'Haight Street getreppelt an sin dunn na eng (vläit leschten) Kéier un den Ocean Beach gang, wou mer na e bessen no 'Sanddollars' gesicht hun, waat am Fong ausgedrechent Carcassen vun enger bestemmter Art Séistär sin.
Déi Sandtaler sin ganz beléift well se ausgesin wei wann se en Marijuanablaat uewen drop gemoolt hätten, waat hei natirlech gudd ukennt ;)
Nodeem mer am Beach Chalet na den Sample of 6 homebrewed ales probéiert an eis na eng Kéier den Sonnenennergang ugekuckt hun sin mer nees heem gefuer.
Owes sin mer dunn na an den Top of the Mark's, den Cafe ganz uewen um Interconti Hotel en Martini drenken gang :)

Sonntag, 14. Januar 2007

A lazy day at the mall, 'Mela' Tandoori and pool at the Cosmo - 78. Daag

Haut hun mer eis am Westfield Shopping Center firt eischt emol en Häagen Dasz Milkshake geholl an hun, wéi den typeschen Amerikaner einfach e bessen rondrem gehang.
Dunn sin mer an den Kino gang, wou eisen Film 'Freedom Writers' 5 Minuten virun Schluss ennerbrach gouf, well en falschen Feieralarm zur Evakuéierung vum ganzen Westfield gefouert huet. No langem hin an hier konnten mer nees zreck an den Kino, wou mer dunn den Schluss na gesin hun an awer henno eisen Ticket zreckerstatt kruten.
Dono sin mer an den 'Mela', een vun eisen Lieblingrestauranten indesch iessen gang an hun dunn na am Keller vum Cosmo Telé gekuckt an Pool gespillt.

Samstag, 13. Januar 2007

Anti-Guantanamo Demo and Peruvian dinner - 77. Daag

Haut sin mer just e bessen duerch d'Staat getreppelt. Um Union Square war haut eng Demo géint den Irak Krich an den Guantanamo Prison. D'Demonstranten hun zimmlech intensiv Inszenéierungen präsentéiert waat een natirlech schon zum nodenken brengt.
Owes dunn sin mer all zesummen mat der Metro op Sunset gefuer, well den Gustavo eis bei heen heem op en peruanescht Iessen invitéiert huet. No der klenger Odyssee bis dohinner hun mer eis dunn zu enger 20 Leidd am Gustavo senger sympatescher Wunneng eremfond, wou mer dunn den ganzen Owend mat enger Vielfalt vun verschiddenen Appetizer, Fleesch an Seafood verwinnt goufen. Mir hun also alt nees eng nei etnesch Kichen hei zu San Francisco entdeckt vun där mir zwee lo Fan sin :)

Freitag, 12. Januar 2007

'Yank Sing' Dim Sum, YBCA Museum and Colombian Farewell - 76. Daag

Haut sin mer no der Schoul an den Financial District getreppelt wou mer mam Iris, Christine an Tom an den Restaurant Yank Sing Dim Sum (eng Sorte chinesesch Tapas) iessen gang sin.
Mir hun eis total iwwerfries well alles sou lecker war an hun henno décidéiert einfach net ze vill lang iwwer d'Rechnung nozedenken...
Dono sin mer zréck Richtung Yerba Buena Garden getreppelt, an sin dunn, well den Wand nawell zimmlech äiseg war, an den Yerba Buena Center of Arts geflüchtet, wou mer eis déi temporär Ausstellung iwwer mexikanesch Graffitti an Strossenkenschtler ugekuckt hun.
Dono hun mer eis na schnell en Starbucks Café eragehäit fir e bessen opzetauen.
Owes war et dunn un der Zäit eis 2 kolumbianesch Frendinnen ze verabschieden, déi muer weider op Chicago fléien.
Mir hun dunn fir d'eicht eppes an der Cosmo Bar gedronk an sin dunn iergendwann weider mam Gustavo an den Swig an dono na an den Rye gang, wou mer den Owend mat engem Poolspill ausklengen geloss hun...

Donnerstag, 11. Januar 2007

A San Fransisco afternoon walk - 75. Daag

Haut sin mer no der Schoul lasgezunn fir emol rem eng Kéier queesch duerch déi ganz Staat ze laafen. Mir sin en Steck d'Market eropgelaf, dann an den Financial District eran, duerch déi kleng Parken hannert dem Embarcadero, laancht den Telegraph Hill an bis op d'Wharf. Dunn sin mer en Steck d'Hyde Street eropgelaf an hun denn nees en Oofstiecher östlech an North Beach eragemach. Iwwert den Washington Square sin mer dunn d'Powell Street den Nob Hill eropgeklomm an duerch Chinatown nees erof op den Union Square spazéiert. Et as einfach emmer erem genial waat een och no 3 Méint na alles an den villen klengen Niewenstrossen entdecken kann :)

Mittwoch, 10. Januar 2007

Ocean Beach and Hard Rock Cafe - 74. Daag

Haut sin mer mam Iris op den Ocean Beach gefuer. Et war trotz deem scheinen Wieder immens vill Loft, an et huet ons baal vun der Plage geblosen. D'Mier war sou opgewullt datt de Sacha souguer gesoot huet hien hätt na nie sou een wellt Mier gesin...krass! Mir sin dunn einfach e bessen iwwert den éiweg langen Strand spazéiert, an hun eis schlussendlech den zimmlech kitschegen, mee trotzdem schéinen, Sonnenennergang ugekuckt hun. :) Mir waren zwar gefruer wou mer nees heiheem ukomm sinn, mee et war definitiv derwärt!
Méi spéit dunn hun mer den Streetcar bis op den Pier39 geholl, wou mer mat eiser Clique mol rem eng Kéier an den Hard Rock Cafe iessen gang sin. :)

Sonntag, 7. Januar 2007

Marine Headlands and Matterhorn - 71. Daag

Haut hun mer vum genialen Wierder profitéiert an hun eis zesummen mam Christine an Tom e bessen an d'Natur ofesaat. Eng hallef Stonn vum Staatzentrum eweg, op der aanerer Säit vun der Golden Gate Bridge an hannert de Küstenfielsen sin d'Marine Headlands, en wonnerschéint an virun allem rouegt Naturschutzgebidd, wouhin d'Leidd vun San Francisco gären kommen wann se der Groussstaathektik e bessen entkommen wellen.
Mir hun den Trail rondrem d'Rodeo Lagoon gemach, an der sech och emmer erem Pelikanen afannen, an hun dunn e bessen den stiermeschen Wellen um Rodeo Beach nogekuckt. Hei hun d'Christine an Tom beim Fotoknipsen e bessen den onberechenbaren Pazifik ennerschätzt an sin voll vun enger Well erwescht gin. Zum Gléck konnten se an der warmer Sonn relativ schnell rem drechnen :)
Mir sin dunn d'Klippen ropgeklomm bis mer erem eng wonnerschéin Vue zreck op d'Staat haten. Du sin mer weider bis zu den Küstenklippen gewandert wou mer eis na een vun den älsten Leuchttiirm aus der Bay Area ugekuckt hun. Well den Wee bis bei den Tuerm am groussen Erdbiewen agestierzt war, féiert elo eng klappreg Hängebreck bis op den Fiels mam Tuerm. Dunn sin mer na bis bei eng vun den villen Befestegungsanlaagen aus dem spuenesch-amerikaneschen Krich uewen op den Klippen geklomm an sin dunn lues rem zréck zum Strand getreppelt. Hei hun mer na e bessen den Surfer nogekuckt bis mer schliesslech rem den Bus zréck an den Groussstaatdjungel geholl hun.
Owes sin mer dunn an den Matterhorn, een vun den wéinegen schwäizer Restauranten hei eng Kéisfondue an dono eng Schokolasfondue iessen gang an sin schliesslech zimmlech voll gefriess an glecklech heemgerullt. :)

Samstag, 6. Januar 2007

Cow Hollow, Russian Hill and Jeanne d'Arc - 70. Daag

Haut sin mer e bessen duerch d'Union Street tescht Van Ness an Filmore gebummelt, den Staatdeel vun San Francisco, den och na Cow Hollow genannt get. Des Stross as eng vun den flottsten an leiwsten Strossen an der Staat.
Hei fent een och a d'Octagon House, daat lescht vun den aachteckegen Haiser (déi am 19. Jorhonnert ganz beléift waren) waat d'Erdbiewen vun 1906 ganz iwwerstaan huet.
Dono sin mer na e bessen iwwer den Russian Hill getreppelt an hun eis déi genial Vuen iwwer d'Staat ugekuckt.
Owes sin mer dunn na mam Christine an Tom an den Jeanne d'Arc iessen gang, en genialen, franseichen Restaurant am Keller vum Cornell Hotel an dono na eppes an de Summer Time drenken.

Donnerstag, 4. Januar 2007

'Tiramisu' and drinks at Cityscape and Cosmo Bar - 68. Daag

Haut hun mer ons geduecht, mir changeieren mol ons Gewunnecht an gin net wei all Daag eisen lunch an d'Crocker Galleria iessen. No laangem Hin an Hier sin mer dunn mat enger ganzer Reih Leidd an engem Italiener op der Bush Street geland. Am 'Tiramisu' war d'Iessen top an mir sin all deck zefridden heemgetreppelt... :)
Well mer mam Donneschten jo och emmer schon den Weekend aleeden, sin mer dunn Owes mam Christine, Jenny, Tom, Christian, Carlos an Gustavo an den Cityscape (den Restaurant/Café uewen am 46. Stack vum Hilton) eppes drenken gang an hun alt nees eng Kéier d'Aussiicht bewonnert. :)
Wéi mer dono heemgang sin hun mer an der Bar vun eisem Hotel na d' Luisa, Juliana an Yohei begeint an hun na e bessen mat hinnen rondremgehang ei mer eis an d'Bett gemach hun.
Fir desen Weekend hun mer enner aanerem en Ausfluch an d'Marine Headlands geplangt.

Mittwoch, 3. Januar 2007

Academy of Sciences - 67. Daag

Haut sin mer no der Schoul an den naturhistoreschen Musée vun der Academy of Sciences gang, den all 1. Mettwoch am Mount fräien Antrett huet. An desem flotten Musée hun mer eis déi vill verschidden Terrarien an Aquarien ugekuckt, an denen déi verschiddenst Geschöpfer wunnen. Vun Schildkröten iwwer Pinguinen, Katzenhaien, an all Formen vun Schlangen a Spannen as sou zimmlech alles vertrueden. En 5 Meter heicht kenschtlecht Korallenreff as déi Haaptattraktioun vum Aquariumsdeel vum Musée. Dernieft as dann den plaeontologeschen Deel vum Musée, an deem een eng grouss Sammlung vun Dinosaurierfossilien gesin kann.
Am leschten Deel vum Musée gin schliesslich modern Wessenschaften an Astronomie méi genau ennert d'Lupp geholl.

Dienstag, 2. Januar 2007

Asian Art Museum and Colombian Birthday Party - 66. Daag

Haut sin mer an den Asian Art Museum beim Civic Center gang, deen eng vun den gréissten asiateschen Konschtsammlungen op der Welt opweisen kann. Och desen Musée haat haut porte ouverte, waat generell eng flott Saach as an San Francisco, well doduerch och Studenten d'Meiglechkeet kreien déi emfangräich Konschtsammelungen ze gesin.

Owes sin mer dunn an d'Bar vum Cosmo dem Juliana säin Gebuertsdaag feieren gang. D'Juliana an d'Luisa sin 2 Kolumbianerinnen, déi och mat eis am Cours sin an bei eis am Hotel wunnen.

Montag, 1. Januar 2007

Pacific Heights and New Year's Eve - 65. Daag

Haut sin mer bis op Pacific Heights gefuer, wou mer eis d'Vue vun den 2 Parken op d'Marina ugekuckt hun a sin dono nach e bessen duerch d'Fillmore street getreppelt, déi op deem Deel vun der Staat aus villen klengen Restauranten an exzentreschen Geschäfter besteet.

Owes war dunn natirlech Sylvester ugesoot! :) Mir sin firt éicht mat eiser Clique an den Panta Rei an North Beach getreppelt, wou mer en Desch fir 13 reservéiert haaten. Zu der Grupp vun 2 letzebuergeschen, 6 däitschen, 1 spueneschen, 1 japaneschen an 2 kolumbianeschen Studenten hun sech desen Owend nämlech och nach dem Christine seng Elteren gesellt, déi am Moment op Besuch sin.
Nom iessen, sin mer an en Café an North Beach vorglühen gang, éi mer fir Metternuecht op den Coit Tower ropgetreppelt sin. Vun hei hun mer eis d'Freedefeier iwwer dem Ferry Building ugekuckt.
Dono hun mer 2 eis dunn zesummen mam Iris vun eiser Trupp getrennt, an hun en Taxi Richtung SOMA geholl wou mer op eng Party am "Fat City" Club gang sin. Hei sin mer net all ze lang bliwwen, well d'Party (typesch amerikanesch) um 1 Auer schon um ausklenegn war. Dofir sin mer dunn zreck an den Cosmo Hotel wou mer na bessen an der Weihnachtsstube rondremhungen bis dei aaner dunn och iergendwann agetrudelt sin. Schlussendlech hun mer den Owend dunn zesummen mam Hotel Personal an vill Alkohol an der Kichen vum Hotel ausklengen gelos.
Happy New Year everybody! :)