Donnerstag, 28. Dezember 2006

Transamerica Pyramid and Marrakech Shishabar - 62. Daag

Nodeem mer se sou gudd wei all Daag vun wäit ewech gesin hun, sin mer haut mol eng éischt Kéier bis bei d'Transamerica Pyramid getreppelt, eent vun den wichtegsten Wahrzeechen vun San Francisco. Well een leider als Tourist do net eran därf hun mer bis elo deen Wee dohin nach net gemaach gehaat. Waat allerdings ganz flott as, as den Redwood tree park, direkt un der Pyramid, en klengt Steck "Besch" matten am Groussstaatdjungel.

Owes sin mer dunn mat eiser internationaler Clique an den Marrakech eng Shisha femmen an eppes drenken gang an hun eis vun der Bauchdänzerin entertainen geloss ;)

Dono as den Sacha nach mam Tom an mam Carlos an d'Rye Bar Billard spillen gang. (An huet mat gaaaanz vill Chance tatsächlech och na gewonn) :)

Keine Kommentare: