Donnerstag, 21. Dezember 2006

Exploratorium, shopping and "A Christmas Carol"- 55. Daag

Haut konnten mer weinst dem schlechten Wierder leider net vill do baussen maachen. Mir hun eis dunn sou opgedeelt, dass d'Männer an den Exploratorium gefuer sin (wou och den Sacha nach villes entdeckt huet, waat en dei eicht Keier na net gesin huet) an d'Fraaen sech an den Shopping Jungel gestierzt hun.
Owes sin mer dunn an den Geary Theatre dem Dickens säin "A Christmas Carol" kucken gang, waat eis virun allem weinst den emwerfenden Bühnenbiller an Costumer begeechtert huet. Dono sin mer dunn na an den Scala an der Powell Street iessen gang.

Keine Kommentare: