Samstag, 23. Dezember 2006

Santa Cruz, Monterey, Carmel and Scenic Drive - 57. Daag

Haut hun mir eis en Auto geléint an sin den Highway 1 Richtung Süden gefuer. Op deser Streck, dei just laancht d'Mier féiert sin mer emmer erem stoen bliwwen fir eis déi genial Landschaften unzekucken.

Zu Santa Cruz hun mer eis den Vergnügungspark direkt un der Plaage ugekuckt, deen awer leider an der Wanter Saison zou as.
Dofir sin mer schnell weider op Monterey gefuer. Hei hun mer eis dunn d'Fisherman's Wharf ugekuckt an sin an d'Aalstaat eppes iessen gang. Dunn hun mer den Scenic Drive geholl deen duerch en Natur Park feiert, an dem mer emmer erem well Déieren gesin konnten.
Zu Carmel hun mer eis d'Mission Kierch ugekuckt, eng vun den älsten an Kalifornien an hun na en Café gedronk, éi mer eis rem op den Wee zreck gemach hun.
Owes sin mer dunn na mam Cable Car op d'Wharf gefuer wou mer an den Rainforest Cafe iessen gang sin.

Keine Kommentare: