Sonntag, 17. Dezember 2006

Nob Hill, North Beach, Wharf - 51. Daag


Haut hun mer vum gudden Wierder profitéiert fir en langen Spazéiergang ze maan. Mir sin vun der Post Street den Nob Hill erop geklomm (et war wierklech richteg gei...) bis California Street wou mer eis d'Grace Cathedral an den Fairmont Hotel ugekuckt hun an sin dann op der aanerer Säit erof bis zum Washington Square an North Beach getreppelt wou mer dunn am Caffé Grecco en ganz leckeren Panini giess hun. Méi spéit sin mer dunn an den Caffé Trieste, wou schon den Francis Ford Coppola den Script zum Godfather geschriwwen huet, en Cappucino drenken. Daat ass zwar nemmen e butzeg klengen cafe, mee den Fotoen op de Maueren no ze urdeelen waren do schon deck dichteg Leidd och e klenge Cafe drenken ;). Dono sin mer dann na weider bis zur Fisherman's Wharf getreppelt, wou mer na en obligatoreschen Ofstiercher an den Schokolasbuttek um Ghiradelli Square gemach hun, wou een emmer en gratis Steck Schokola krit, an keent vun der schlechter Zort. Leider hun mer dunn missen de Bus huelen vir zreck well all dei komesch Touristen hei (hihi) den Cable Car iwerfellt hun, aiaiai! Dobai wäre mer bei dem scheine Wieder gär en Tour baussen op der Bänk matgefuer...

Keine Kommentare: