Donnerstag, 30. November 2006

Alamo Square, Filmore Street and Japantown - 33. Daag

Haut sin mer nom Iessen mam Iris an Ria bei den Alamo Square gefuer, en klengen Park op engem vun den San Francisco Hiwwelen, vun wou aus een eng genial Vue op d'Staat huet. Den Staatdeel ronderem den Alamo an laancht d'Filmore Street as bekannt fir seng viktorianesch ugehauchten Haiser, déi schon mol all Gesetzer vun Architektur a Physik trotzen mussen fir op dem onebenen Buedem bestoen ze kennen.
Dono sin mer weider an Japantown gefuer, wou allt nees en klengen Microcosmos op eis gewaard huet. Wéi sou oft an San Francisco muss een just eng Stross weider goen fir an eng komplett aaner Welt anzetauchen.


Sonntag, 26. November 2006

Hollywood and Santa Monica - 28. Daag

De Moien sin mer alt nees zu enger extrem onsozialer Zeit aus dem Bett geheit gin an hun eis dunn alt nees zimmlech iwwermiddt an de Bus geschleeft. Dunn huet de spaassegen Guide eis op Hollywood kutscheieren gelooss wou mer eis den Chinese Theatre an den Kodak Theater ugekuckt hun. Dunn sin mer nach e weineg iwwert dei spaasseg Stären gelaaf an hun eis Feiss mat den Ofdreck am Beton verglach! Also den Eddy Murphy huet mei kleng Feiss wei de Löri, haha! Mee alles an allem muss een soen datt daat ganzt Hollywood relativ onspektakulär an onglamoureis ass, guer net wei am Fernseh! Mee bon, dofir hun mer wéinstens den Hulk Hogan begéint, deen do ronderemgelaaf as, well en sech wahrscheinlech och mettes do eng Christmasparade ukucken wollt.

Dunn ass et mam Bus weidergaang. Mir sinn duerch die extrem deier (onbezuelbar!!) Quartieren vun Beverly Hills gefuer, wou een sech jo wierklech gaer mol geif e klengt Haischen uneegenen, hihi!

Eis lescht Statioun war dunn Santa Monica, eng Staat dei direkt un enger rieseger Sandplage (ongefeier 30 Meilen laang!) leit. Daat war wierklech immens schein! Direkt dabei war och nach eng grouss Foussgängerzoon wou extrem vill, deier Geschäfter waren! Mir hun awer eisem Portemonnaie zeleift nix kaaft. Nodeems mer dun na e weineg laanscht d'Plage an iwert de Pier getreppelt sin war et och schon Zait vir eis nees an de Bus ze hocken! Dunn sin mer op enger total iwerfelltener Autobunn am Schleekentempo heemgezunn, an eierlech gesoot, et war zwar wierklech genial an mir sin super frou dat mer et gemaach hun, mee sou schnell maachen dei hei 2 keng organiseiert Bustour mei ;)!

Samstag, 25. November 2006

Disneyland - 27. Daag

Haut waren mer den ganzen Daag am Disneyland. Wéi kleng Kanner sin mer duerch den Park gelaaf an hun eis an den eenzelnen Attraktiounen duerch verschidden Welten féieren geloss. Am beandrockensten war d'Achterbahn duerch Space Mountain, den Tempel aus dem Indiana Jones, den Pirates- an den Nightmare before Christams-Ride.
Méi spéit am Owend hun mer eis dann na eng richteg beandrockend Lasershow iwwert dem Séi am Park ugekuckt, souwéi d'Freedefeer iwwer dem Disneyschlass. Mir sin dunn iergendwann um Metternuecht rem doheem wéi zefridden Kanner ageschlof, well mer dann awer och zimmlech freckt waren no den 3 Deeg ouni vill Schloof.

Freitag, 24. November 2006

Las Vegas - 26. Daag


Haut sin mer mam Christine an mam Tom lasgezunn fir eis deei eenzel Hotelen um "Strip" unzekucken. Et as lasgang um Stratosphere, en 300 Meter groussen Tuerm op dee uewen drop na en Vergnügungspark as. Vun do hun mer eis d'Vue iwwert déi ganz Staat ungekuckt, waat zimmlech beandrockend war. D'Wierder waar gudd, sou dass mir bis iwwert d'Bierger an den Death Valley gesin konnten.

Dono sin mer eis d'Lobbyen vun dem Mirage an dem Treasure Island ugekuckt. Mir hun an den Wynn an an den MGM eragelusst an e bessen duerch Imitatiounen vun Paräis an New York getreppelt an den Hotelen mam selwechten Numm. Déi Hotelen an Casinoen sin esou grouss, dass een sech ouni Problemer doran verléieren kann. Vegas as eng Staat fir sech, an där een net méi aus dem Staunen erauskennt vun Kitsch.

Owes hun mer dunn na eng weider Nighttour duerch d'Staat gemaach, wou mer verschidden Shows gewisen kruuten, wéi z.B. eng Sambashow am Rio, eng Atlantis Show am Caesar's Palace an d'Fontänenshow virum Belaggio (dem Hotel an deem Ocean's 11 gedrét gouf).

Thanksgiving Dinner @ Hard Rock Cafe Las Vegas and Vegas by night tour - 25. Daag

Haut sin mer de Moien schon um halwer6 opgestaan vir um 7 Auer mat enger organiseierter Tour op Las Vegas ze fueren. Also soutzen mer dun mol bei wonnerscheinem Wieder de ganzen Daag am Bus, daat war net sou flott also iwersprangen mer daat mol ;)!
Mir sin geint halwer 7 zu Las Vegas an onsem Hotel ukomm an um halwer 8 sin mer dunn just iwwert d'Strooss an den Hardrock Cafe gepilgert. Do gouf et dann vir onsen 80Mann Grupp en typeschen Thangsgiving Dinner, waat aus Turkey, Gromperepuree, Gemeis, Cranberries an als Dessert Kürbiskuch bestaan huet ;), an enger relativ ontraditioneller Location! (De Löri kruut natierlech eppes aanescht).
Nom Iessen, waat wierklech ganz gudd war, hun se eis dun mam Bus duerch Las Vegas gefouert vir eis en eischten Androck ze vermettelen... an dei Staat ass einfach emmer en Trip wärt! Eisen eischten Stop war dunn d'Fremont Street wou se eng ganz Strooss iwerdaacht hun an den Daach ass deen greissten Screen op der ganzer Welt.
Op deem Screen weisen se dann all Stonn eng impressionnant Show dei een wierklech net verpassen därf wann een eng Keier do ass! Dono sin mer mam Bus weider bis an den "The Venetian" Hotel gefuer. Daat ass en riesegen Hotel deen ganz nom Vierbild vun Venedeg gebaut ass. Bannendran ass den Daach gemaach wei wann et den Himmel wier an et mengt een wierklech et geif een dobaussen op enger Promenade zu Venedeg spazeieren goen. Sie hun souguer e Kanal mat Gondelen gebaut wou een sech dann mat der Gondel duerch daat "fake"Venedeg feieren loosen kann...d'Amerikaner sin einfach geckeg, mee et ass immens schein ze kucken. Immens impressionant an opwänneg gemaach, mir waren begeeschtert!
Dono sin mer dunn doudmidd an eis Better gefall! Viva Las Vegas!

Dienstag, 21. November 2006

MOMA - 23. Daag

Haut sin d'Lauri an d'Ria zesummen akaafen gang während den Sacha mam Iris an dem Richard, en Éisträicher, deen des Woch och am Brandon College ugefang huet, den Museum of Modern Art kucken waren. Virun allem d'Ausstellung Heaven and Earth vum Anselm Kiefer huet si iwwerzeecht. Den MOMA as en interessant Gebai, seng Konschtausstellung as gudd zesummengestallt, mee awer och ganz iwwersiichtlech.
Den Markus as eis haut Eddi soen komm, well heen muer rem heemfiirt.

Montag, 20. November 2006

Dem Lauri säin Gebuertsdaag an der "Weihnachtsstube" an am Rainforest Cafe - 22. Daag

Haut haat d'Lauri Gebuertsdaag!!!
De Moien fréi as hat schon iwwerrascht gin, wéi mir anstatt erof Café drenken ze goen, an den 16. Stack gefuer sin wou mer an der deutschen Weihnachtsstube (dem Ria an Iris hier Kummer) en Luxus Sektfrühstück preparéiert kruuten. D'Lauri huet sech war déck frou an huet sech och iwwer seng Cadeauxen gefreet.
No engem langen Moien an der Schoul, wou mer e bessen vun Schampes beschwipst en Test geschriwwen hun, sin mer an d'Cheesecake factory en Stéck Kuch sichen gang an hungen na bis owes an der Weihnachtsstube ronderem (vun wou aus een och eng wonnerschéin Vue iwwer déi ganz Staat huet) an sin dunn owes mam Taxi an den Rainforest Cafe gefuer wou mer en desch reservéiert haaten. Mir hun mega gudd (an mega vill) giess an gedronk an hun eis dono spontan entschloss, well d'Wierder gudd war, den Wee vun der Wharf zréck zu Fouss ze goen. No desem Verdauungsspazéiergang sin mer eis na eppes ze drenken sichen gang an hun den Owend natirlech rem an der Weihnachtsstube ausklengen geloss.
Happy Birthday Löri!!!

Sonntag, 19. November 2006

Tree Lightning @ Pier 39 - 21. Daag

Haut war Sonndeg, an d'Wieder war zimlech niwweleg, dofir hun mer demoien net vill gemaach an sin dunn um halwer 2 mam Iris an mam Ria iessen gaang. Geint 4 sin mer dun mam Bus op den Pier 39 gefuer well do hun se denowend um halwer 6 den groussen Chreschtbeemchen ugefaang! Et waren immens vill Leidd do an um halwer 6 sin dun dei dausenden vun klengen Liichtecher um Beemchen ugaang. Et war wierklech schein ze kucken... obwuel et jo awer nach zimmlech frei ass vir schon an sou richteg Chreschdaagsstemmung ze kommen! Um Union Square sin se och scho baal färdeg de Beemchen ze decoreieren, an de Fensteren vum Macy's hänken lauter rieseg Adventskränz an an den Schaufensteren vum Saks hun se immens opwänneg an och e weineg kitscheg Dekoratiounen opgeriicht, mee et ass awer schein.

Samstag, 18. November 2006

Sausalito - 20. Daag

Haut sin mer mam Iris, Ria, Christine an Tom mat der Fähre op Sausalito gefuer, en klengt Fescherduerf an der Bay, direkt op der aanerer Säit vun der Golden Gate Bridge.
Sausalito as virun allem fir seng Kleng Kenschtler Gemeng bekannt, souwéi och fir seng léif kleng Citéen un fuerwegen Hausbooter.
Et war en flotten Ausflug, an um Wee zréck sin mer mat e puer wonnerschéinen Vuen op den Sonnenennergang hannert der Golden Gate Bridge belount gin, wéi och op d'Skyline vun San Francisco, op där een lo den Embarcadero Building liichten gesäit, dem seng Chreschtdaagsdécoratioun geschter ubruecht gin as.

Freitag, 17. November 2006

Civic Center and Winter Carnaval @ Embarcadero - 19. Daag

Haut sin mer eis e bessen den Civic Center ukucken gang an hun an d'City Hall eragelusst, en imposant Gebai waat méi grouss as wéi d'Capitol zu Washington.
Dono sin mer zum Embarcadero Center beim Ferry Building gefuer, wou, typesch amerikanesch-kitscheg eng grouss Zeromonie zum Ufank vun der Chreschtzäit stattfond huet. Den Owend gin mer dann na an den Kino den neien Bond kucken!:)

Mittwoch, 15. November 2006

Alcatratz - 17. Daag

Haut hun mer et elo endlech geschafft op den Rock ze kommen! Mir sin no der Schoul op d'Wharf gefuer an hun dunn d'Fär op déi berüchtegt Gefängnisinsel geholl. Et war wierklech eng onheemlech Atmosphäre op Alcatratz. D'Audiotour, déi mer duerch d'Gefängnisgebaier gemaach hun ,war wierklech gudd opgebaut an et fillt een sech zweschenduerch wierklech baal wéi wann een mattendran wier. Am meeschten creepy waren déi komplett donkel Isoléirungszellen, an denen schon den Al Capone sutz bis en wéinst Syphillis geckeg gin as. Och d'Spueren vun der Occupatioun vun den westamerikaneschen Indianerstämm an den 60er sin nach iwwerall ze gesin. Zudeem huet een eng eemoleg Aussiicht vum Rock op d'San Francisco Skyline an d'Golden Gate Bridge. Alcatratz as wierklech en must-see, deen een och net sou schnell vergiessen werd.
Den Owend hun mer mam Iris an Ria Spaghetti gekacht an eis na gudd amüséiert :)

Dienstag, 14. November 2006

Fisherman's Wharf and Ripley's "Believe it or Not!" Museum - 16. Daag

Well mer och haut nees keng Ticketen fir Alcatratz kruten hun mer der lo mol fir muer virreservéiert. Lo misst daat dann jo mol hoffentlech endlech klappen :)
Mir sin dunn einfach e bessen iwwert d'Fisherman's Wharf gelaaf, hun eis den Chreschtbeemchen ugekuckt, deen e bessen verluer do an der Sonn tescht den Palmen steet, an sin schlussendlech an den Ripley Musée gang.

Den Robert Ripley war en berühmten Cartoonist vun San Francisco deen an den 30 er Joren all méiglech skurril Artefakter vun iwweralll op der Welt zesummen gedro huet. Des obskur Collectioun, déi z.B. Folterinstrumenter, Kanibalenbesteck oder Konschtwierker aus Fixfeier, Stoffooffall, Coladousen etc emfassen, kann een sech elo an desem klengen, léiwen Musée ukucken. Ausserdeem fent een hei allméiglech Formen vun opteschen Täuschungen an eng Erbiewen Simulatioun.
Mir hun gudd gelaacht an freen eis elo schon op Alcatratz muer! :)

Montag, 13. November 2006

James Blunt and Starsailor in Concert @Paramount Theater, Oakland CA - 14. Daag

Den Daag war schnell em..mir hun den ganzen Daag um Blog geschafft;)!!!
Mee owes war dunn e ganz speziellen Highlight ugesoot. Mir hun dach tatsächlech nach geschter Ticketen vir den James Blunt Concert vun haut denowend kritt! D'Sybille, en daitscht Meedchen wat och bei eis am Hotel wunnt,war och ganz begeeschtert an huet sech spontan och na en Ticket geholl. Also sin mir drei Spaassvullen dunn lassgezunn vir op Oakland an deen Concertssall ze kommen, an daat Oakland ass echt een Kaff, do waren mer haut vir d'Eischt...an vir d'Lescht! Mee de Concert war mega, et war an engem Opernhaus, also d'Leidd soutzen all, daat war iergendwei komesch an trotzdeem ass iergendwei eng ganz speziell, perseinlech Atmosphäre entstaanen. Starsailor waren megacool, an den James mega depri, sou wei daat sech geheiert;), einfach TOP! An de Sacha krut na Autogrammer vun Starsailor, wouriwwer en sech nawell gefreet huet! :)
An lo gin mer eng Schlöfi man well muer hun mer jo nees Schoul...

Samstag, 11. November 2006

Pier 39 and Hard Rock Cafe - 13. Daag

Haut hun mer e relaxen Daag an der Staat verbruecht, sou mat shoppen eben! De Sacha huet daat natierlech net geanz sou leschteg fonnt, mee do muss heen heiandsdo duerch ;). Am speiden Nometten sin mer dunn d'German Sisters besichen gaang well sie eng genial Vue aus hierer Zemmer um 16ten Stack hun.
Owes haate mer dunn rendez-vous vir an den Hard Rock Cafe iessen ze goen, daat ass jo wierklech scho baal en Must ;)!
Iessen war ganz lecker ;)!!!

Freitag, 10. November 2006

Marina and Palace of Fine Arts - 12. Daag

Well mer keng Ticketen méi kruten fir Alcatratz hun mer spontan emdécidéiert an sin vun der Fisherman's Wharf Richtung Presidio an laancht d'Marina getreppelt.
Am Presidio hun mer eis den Palace of Fine Arts ugekuckt an decidéiert méi spéit eng Kéier zreckzekommen fir eis den Exploratorium unzekucken. Dest as en interaktiven Wessenschaftsmusée.
Owes sin mer dunn mam Ria "Little Miss Sunshine" kucken gang (e bessen Ami Kultur muss sin) an kruten zum Schluss den Ticket zreckerstatt well en Tounproblem opgetratt war.

Donnerstag, 9. November 2006

Mission District - 11. Daag

Haut hun mer eng Tour durch den Mission District gemach. Mir sin mat den Leidd vun der Schoul an enger Proff, dem Cory (déi och nees zimmlech louche war) mat der BART an den Mission District gefuer, waat den Latino Véirel zu San Francisco as.
Desen Staatdeel as virun allem fir seng fuerwenfrou Murals bekannt, also Wandmolereien. Alt nees hun mer eis direkt gefillt wéi an enger aanerer Welt.
Daat as eng vun den Qualitéiten vun San Francisco déi eis emmer op en neits staunen lossen.
Owes hun mer eis na mat e puer Leidd bei eis an der Bar vum Cosmo Hotel getraff.