Sonntag, 3. Dezember 2006

Glide Church and Japanese Tea Garden - 36. Daag

Haut sin mer de moien fréi opgestaan fir an d’Mass ze goen... Jo, mir sin dach net tatsächlech an eng Mass gang ! Bon, zu eiser Verteidigung sin mer virun allem wéinst der Gospelmusik an déi Mass gang... D’Glide Church as eng vun den bekanntesten Methodisten Kirchen iwwerhaapt an d’Leidd stin Sonndes Moies an enger laanger Schlaang fir sech déi aussergeweinlech lieweg Mass unzekucken. Et war wuehl eng interessant Erfahrung.

Dunn sin mer an d’Crepe House an der Post St. iessen gang an sin dono mam Bus an den Golden Gate Park gefuer wou mer eis den Japanese Teagarden, den Botanical Garden an d’Strawberry Hills ugekuckt hun.

Owes sin mer dunn an North Beach, d’“Little Italy“ vun San Francisco gefuer wou mer am Calzone, en megaleckeren Restaurant owes giess hun.

Um Wee heem hun mer eis nach eng Kéier déi kitscheg Macy's Chreschtdaagsbeliichtung ugekuckt.


Keine Kommentare: