Samstag, 20. Januar 2007

Thank You San Francisco!

Nodeems mer dann haut eng leschte Keier an der "Weihnachtsstube" (jo sie ass na emmer dekoreiert) gefrühstückt hun, sin mer dunn mam shuttle op den Flughafen gefuer.
An der Lobby goufen mer virdrun awer na ganz leif vun der ganzer Equipe (Carlos, Gustavo, Christian, Iris, Ria, Michel) verabschied, waat eis et net mei einfach gemaach huet...
Mee bon, et war eng mega cool Zait an mir sin immens frou dat mer daat machen konnten. Lo gin mer eben nees heem, do ass et jo och schein ;)
Merci San Francisco, an bis hoffentlech ganz geschwenn!
-Lauri a Sacha

Freitag, 19. Januar 2007

Goodbye to the Golden Gate Bridge, Farewell dinner and Party - 83. Daag

Haut hun mer schwéieren Herzens eis Saachen gepaackt. Och den, mettlerweil, fuerweg decoréierten Spigel huet missen demontéiert gin, waat eis Kummer direkt e bessen méi kaal wirken geloss huet. Muer um 4 geet dann schliesslech eisen Fliieger zréck an good old Europe.
Dono sin mer an d'Schoul den Carlos sichen gang, den mat eis op Beach bei der Golden Gate Bréck fueren wollt. Mir hun der Bréck an, natirlech och schon e bessen der Staat selwer Eddi gesot.
Dunn sin mer na eng leschten Kéier an den Brandon College gefuer, wou mer eis Onlinereservéierung fir den Fluch heem gemach bestätegt hun, an dem Res, dem Direktor vun der Schoul Eddi gesot hun.
Dono sin mer na eng lescht amerikanesch Glace an den Coldstone iessen gang. :)

Owes dunn sin mer mat der ganzer Trupp (mettlerweil sin mer schon zu 15) an den Mona Lisa an North Beach iessen gang an hun dono na eng leschte Kéier am Cosmo Party gemach an eis vun all eisen neien Frenn verabschied.
Mir wéillten am léiwsten na eng Zäit heibleiwen...

Donnerstag, 18. Januar 2007

Dinner with Michael and 'German' Party @ Cosmo - 82. Daag

Haut sin mer no der Schoul na e bessen spazéieren gang, hun en Café gedronk an sutzen einfach e bessen um Union Square rondrem fir den Leidd nozekucken.
Owes dunn sin mer mam Michael, engem vun eisen Proffen an den Jeanne d'Arc iessen gang. Mir haaten heen zesummen mam Christine an Tom agelueden, fir em Merci ze soen, fir alles waat mer vun him geléiert hun an dofir, dass en dem Laure och bei enger Aarbecht fir d'Uni weidergehollef huet. Mir hun eis gudd mat him amüséiert an haaten en flotten Owend mat ganz interessanten Diskussiounen.
Dono sin mer dunn na an d'Cosmo Bar gang, wou den Gustavo eng 'German' Party fir all déi däitschsprocheg Hotelgäscht organiséiert huet. Natirlech as dobäi och vill däitschen Béier gefloss... ;)

Mittwoch, 17. Januar 2007

Embarcadero Boulevard and Pool Tournament - 81. Daag

Haut sin mer nees no der Schoul e bessen duerch d'Staat spazéiert. Laancht d'Market as et bis zum Ferry Building gang an vun do sin mer dunn den Embarcadero Bld. südlech erofgetreppelt bis zum AT&T Park, den Baseballstadium vun den San Francisco Giants. Vun do sin mer dunn d'Third Street zréckgetreppelt bis zum Yerba Buena Garden.
Owes war dunn en Pool Tournament am Cosmo wou mer den Carlos, Gustavo an Tom ufeieren gang sin.

Montag, 15. Januar 2007

Haight Street and Ocean Beach - 79. Daag

Nodeem mer de moien all zesummen an den Hilton ausgiebeg Cafe drenken waren, hun mer eis dunn mettes Richtung Mier gemach.
Firt eischt sin mer e bessen duerch den eemolegen Hippie Distrikt laancht d'Haight Street getreppelt an sin dunn na eng (vläit leschten) Kéier un den Ocean Beach gang, wou mer na e bessen no 'Sanddollars' gesicht hun, waat am Fong ausgedrechent Carcassen vun enger bestemmter Art Séistär sin.
Déi Sandtaler sin ganz beléift well se ausgesin wei wann se en Marijuanablaat uewen drop gemoolt hätten, waat hei natirlech gudd ukennt ;)
Nodeem mer am Beach Chalet na den Sample of 6 homebrewed ales probéiert an eis na eng Kéier den Sonnenennergang ugekuckt hun sin mer nees heem gefuer.
Owes sin mer dunn na an den Top of the Mark's, den Cafe ganz uewen um Interconti Hotel en Martini drenken gang :)

Sonntag, 14. Januar 2007

A lazy day at the mall, 'Mela' Tandoori and pool at the Cosmo - 78. Daag

Haut hun mer eis am Westfield Shopping Center firt eischt emol en Häagen Dasz Milkshake geholl an hun, wéi den typeschen Amerikaner einfach e bessen rondrem gehang.
Dunn sin mer an den Kino gang, wou eisen Film 'Freedom Writers' 5 Minuten virun Schluss ennerbrach gouf, well en falschen Feieralarm zur Evakuéierung vum ganzen Westfield gefouert huet. No langem hin an hier konnten mer nees zreck an den Kino, wou mer dunn den Schluss na gesin hun an awer henno eisen Ticket zreckerstatt kruten.
Dono sin mer an den 'Mela', een vun eisen Lieblingrestauranten indesch iessen gang an hun dunn na am Keller vum Cosmo Telé gekuckt an Pool gespillt.

Samstag, 13. Januar 2007

Anti-Guantanamo Demo and Peruvian dinner - 77. Daag

Haut sin mer just e bessen duerch d'Staat getreppelt. Um Union Square war haut eng Demo géint den Irak Krich an den Guantanamo Prison. D'Demonstranten hun zimmlech intensiv Inszenéierungen präsentéiert waat een natirlech schon zum nodenken brengt.
Owes dunn sin mer all zesummen mat der Metro op Sunset gefuer, well den Gustavo eis bei heen heem op en peruanescht Iessen invitéiert huet. No der klenger Odyssee bis dohinner hun mer eis dunn zu enger 20 Leidd am Gustavo senger sympatescher Wunneng eremfond, wou mer dunn den ganzen Owend mat enger Vielfalt vun verschiddenen Appetizer, Fleesch an Seafood verwinnt goufen. Mir hun also alt nees eng nei etnesch Kichen hei zu San Francisco entdeckt vun där mir zwee lo Fan sin :)

Freitag, 12. Januar 2007

'Yank Sing' Dim Sum, YBCA Museum and Colombian Farewell - 76. Daag

Haut sin mer no der Schoul an den Financial District getreppelt wou mer mam Iris, Christine an Tom an den Restaurant Yank Sing Dim Sum (eng Sorte chinesesch Tapas) iessen gang sin.
Mir hun eis total iwwerfries well alles sou lecker war an hun henno décidéiert einfach net ze vill lang iwwer d'Rechnung nozedenken...
Dono sin mer zréck Richtung Yerba Buena Garden getreppelt, an sin dunn, well den Wand nawell zimmlech äiseg war, an den Yerba Buena Center of Arts geflüchtet, wou mer eis déi temporär Ausstellung iwwer mexikanesch Graffitti an Strossenkenschtler ugekuckt hun.
Dono hun mer eis na schnell en Starbucks Café eragehäit fir e bessen opzetauen.
Owes war et dunn un der Zäit eis 2 kolumbianesch Frendinnen ze verabschieden, déi muer weider op Chicago fléien.
Mir hun dunn fir d'eicht eppes an der Cosmo Bar gedronk an sin dunn iergendwann weider mam Gustavo an den Swig an dono na an den Rye gang, wou mer den Owend mat engem Poolspill ausklengen geloss hun...

Donnerstag, 11. Januar 2007

A San Fransisco afternoon walk - 75. Daag

Haut sin mer no der Schoul lasgezunn fir emol rem eng Kéier queesch duerch déi ganz Staat ze laafen. Mir sin en Steck d'Market eropgelaf, dann an den Financial District eran, duerch déi kleng Parken hannert dem Embarcadero, laancht den Telegraph Hill an bis op d'Wharf. Dunn sin mer en Steck d'Hyde Street eropgelaf an hun denn nees en Oofstiecher östlech an North Beach eragemach. Iwwert den Washington Square sin mer dunn d'Powell Street den Nob Hill eropgeklomm an duerch Chinatown nees erof op den Union Square spazéiert. Et as einfach emmer erem genial waat een och no 3 Méint na alles an den villen klengen Niewenstrossen entdecken kann :)

Mittwoch, 10. Januar 2007

Ocean Beach and Hard Rock Cafe - 74. Daag

Haut sin mer mam Iris op den Ocean Beach gefuer. Et war trotz deem scheinen Wieder immens vill Loft, an et huet ons baal vun der Plage geblosen. D'Mier war sou opgewullt datt de Sacha souguer gesoot huet hien hätt na nie sou een wellt Mier gesin...krass! Mir sin dunn einfach e bessen iwwert den éiweg langen Strand spazéiert, an hun eis schlussendlech den zimmlech kitschegen, mee trotzdem schéinen, Sonnenennergang ugekuckt hun. :) Mir waren zwar gefruer wou mer nees heiheem ukomm sinn, mee et war definitiv derwärt!
Méi spéit dunn hun mer den Streetcar bis op den Pier39 geholl, wou mer mat eiser Clique mol rem eng Kéier an den Hard Rock Cafe iessen gang sin. :)