Donnerstag, 14. Dezember 2006

Cartoon Art Museum and Yerba Buena Garden - 48. Daag

Juhuu, et huet opgehaal ze reenen! Normalerweis reent et jo hei net souvill, mee mir hun jo tatsächlech op der Tele heieren dat en Densdeg dei 2thechsten quantiteit un Reen an der Geschicht vun San Francisco gefall ass...an mir waren dobai, waat en Gleck ;)!
Op alle Fall war haut deen eischten Daag seit e Freideg wou et net gereent huet a mir eis op d'Strooss getraut hun. Well et trotzdem na e bessen onsecher war sin mer dunn an den Cartoon Art Museum gang, deen eng flott Kollektioun vun Originalwierker vun Comicstrips an Trickfilmer huet. Et ass zwar en relativ klengen Musee mee et war awer wierklech ganz interessant vir eng Stennchen dobannen iwert dei eenzel kleng Sketcher ze laachen ;)!
Owes sin mer bessen duerch den Yerba Buena Garden getreppelt, deen wei den Rescht vun der Staat an Chreschtdaagskitsch gekleed as.
Dunn sin mer an den Kino "Deja Vu" kucken gaang an dono bei den Italiener hei an der Stross eppes iessen gang.

Keine Kommentare: