Sonntag, 24. Dezember 2006

American Football and Christmas Eve - 58. Daag

Haut hun mer eis en Footballspill am Monsterpark ugekuckt.
D'San Francisco 49ers hun geint d'Cardinals gespillt. Et war eng genial Atmosphäre am Stadium, an et huet een nees gemierkt, dass d'Amien awer och aus allem eng Riesenshow maachen kennen. Um Schluss huet "eis" Equipe leider verluer, ma mir hun eis awer gudd amüséiert.
Owes hun mer dunn eis Chreschtkadoen ausgetauscht an sin an den Grand Hyatt iessen gang.
Dono sin mir zwee dunn na an North Beach gefuer, wou mer eis na mat e puer vun eisen Kolleegen an enger Bar getraff hun fir den Owend ausklengen ze lossen.

Keine Kommentare: