Mittwoch, 1. November 2006

Chinatown and Russian Hill - 3. Daag

Haut hun mir en klengen Gewaltmarsch gemaach. Nom Mettegiessen an der Crocker Galleria, wou mer eis mettes vun der Schoul aus emmer all zesummen treffen sin mer duerch ganz Chinatown gelaf. Desen District versammelt déi gréissten chinesesch Communitéit jenseits vun China selwer. Hei krit een direkt den Androck et wier een an enger ganz aanerer Welt. Alles as fuerweg an chaotesch an eben, jo, chinesesch... Dono sin mer dann den Telegraph Hill rop bei den Coit Tower gelaaf, deen een op der schwarz-wäisser Foto am Hannergronn gesäit. Vun do aus huet een eng wonnerschéin Panoramavue iwwert d'ganz Bay. Dono sin mer dunn na iwwert d'Lombard Street den Russian Hill eropgelaf wou sech "the world's crookedest street" eropschlängelt. Vun do hun mer dei Foto och geholl. Dunn sin mer fir zréck den Nob Hill erofgelaaf an hun eis wéi richteg Bergsteiger gefillt.
Owes sin mer dunn na lecker indesch iessen gang.

Keine Kommentare: