Sonntag, 19. November 2006

Tree Lightning @ Pier 39 - 21. Daag

Haut war Sonndeg, an d'Wieder war zimlech niwweleg, dofir hun mer demoien net vill gemaach an sin dunn um halwer 2 mam Iris an mam Ria iessen gaang. Geint 4 sin mer dun mam Bus op den Pier 39 gefuer well do hun se denowend um halwer 6 den groussen Chreschtbeemchen ugefaang! Et waren immens vill Leidd do an um halwer 6 sin dun dei dausenden vun klengen Liichtecher um Beemchen ugaang. Et war wierklech schein ze kucken... obwuel et jo awer nach zimmlech frei ass vir schon an sou richteg Chreschdaagsstemmung ze kommen! Um Union Square sin se och scho baal färdeg de Beemchen ze decoreieren, an de Fensteren vum Macy's hänken lauter rieseg Adventskränz an an den Schaufensteren vum Saks hun se immens opwänneg an och e weineg kitscheg Dekoratiounen opgeriicht, mee et ass awer schein.

1 Kommentar:

Mademoiselle-du-Lux hat gesagt…

Hey där 2 leiwer!!Ma eng schein säit hud der ärch hei zesummengestallt, hun lo ganz begeeschtert d posts all gelies an well lo diiiirekt op san francisco, sou, dat muss mol gesot sin :) Nee muss schon soen et get ee richteg neideg wann een dat do kukt, fierun allem wann een wei mär am moment all dag schein an de stage treppelt (hurra hurra, et as sou flott) an de ganzen dag soss näischt mecht wei sech d fangeren wond schreiwen...hm, get zäit fier vakanz ;) sou, dat do as lo an engems eng zesummenfaassung gewiercht wei et mer am moment geet:gestresst, gereizt, aggressiv an midd. Alles an allem wonnerbar :D
Ech hoffen ärch geet et och gud an där hud vill vill spaas dohannen...(maan mer awa net weider Gedanken dass et ärch keint schlecht goen wann ech hei sou liesen an fotoen kuken ;))
Et as nach eng zäitchen bis mer eis nees gesin, wat schued as , well (op d gefoor hin lo iwerdriwen kitscheg ze klengen), et as komesch wann der net do sid an een sech guer net gesäit :'( also, passt gud op ärch op, ech gesin ärch gär op mengem gebuertsdag ;)
Vill spaas nach, an alles guds, ech kommen demnext erem laanscht :)
Ganz decken kuss,
Carole