Sonntag, 5. November 2006

Golden Gate Park and Height/Ashbury - 7. Daag

Haut waren mer an den Golden Gate Park, deen Sonndes zum Deel fir Autotraffic gespaart as. Hei treffen sech d'San Franziskaner dann fir Sport ze maachen, sech enzwech op d'Wiss ze geheien oder ganz einfach fir gesin ze gin. Den Park as zimmlech grouss an emfasst verschidden kleng Séien, Sportsfelder, Waasserfäll, en Japaneschen Gaart Muséen an en Päiperlecksgaart.
Ausserdem fannen hei Sonndes emmer gratis Swing Dance Lessons statt. Et war zimmlech witzeg dem no ze kucken. :)
Dono sin mer na d'Height Street rofgetreppelt, waat den Haaptschauplatz an der Hippizäit war. Hei fent een een fuerwegt Ramschgeschäft um nächsten.
Owes waren mer dunn mam Michel, en Däitschen den mer kennen geléiert hu, an deen hei studéiert, an d'Cheesecakefactory iessen. Lecker amerikanescht Iessen (Iwwer 30 verschidden Sorten Kéiskuch - z.b. mat Schokola, Erdbier, Kürbis etc.) um Daach vum Macy's Gebai.

Keine Kommentare: