Dienstag, 31. Oktober 2006

Fisherman´s Wharf and Halloween! - 2. Daag

Also haut hun mer dun mol geduecht mir missten jo awer mol mat sou engem spaassegen Cablecar fueren, hihi! Also hun mer eis um Union Square vir 5dollar op sou eng Maschine geschwongen an hun dunn eng opreegend Achterbahnfahrt bis op Fisherman´s Wharf gemach.

Daat ass eng vun den Haapttouristenattraktiounen hei zu SanFrancisco. Daat ass direkt um Mier, eben wou freier d'Fescher mat den Booter ukomm sin, an et huet een eng immens schéin Vue op d'Golden Gate Bridge an op Alcatraz. De Weekend kanns de dech do vu Leidd net retten, mee ennert der Woch kann een sech do ganz frai beweegen ;). Um Pier39 leien lauter Seileiwen (also sou Robbendeieren ;)) an dei maan ee Kameidi an ee Gestank daat ass baal net ze gleewen, mee sie sin awer leiw!

Owes war dun Halloween Party ugesot. Dofir hun dei geckeg Amerikaner hei 2 Stroossen komplett gespaart. Am Castrodistrikt, daat ass den Schwulen-Lesben-Transgender-Veirel, hun sech dun ongefeier eng hallef Millioun spaasseg verkleedten Leidd versammelt. D'Flicken waren natierlech och do vir ze kucken dat alles riicht geet, dier wesst jo dat d'Amien e bessen paranoid sin wa vill Leidd op engem Koup sin. Mee bon, mir hun op alle Fall Tonnen lusch Kostümer gesin, Drag Queens, Plaakeger (jo dat ass en Kostüm hei!) , Star Trek Figuren, mee och Schneewittchen an Minnie Mouse waren deck beleiwt ;). Mir waren bessen Outsider, well mir sin jo just "glotzen" gaang, ouni Verkleedung natierlech, hihi! Um 11 wollten d'Flicken dunn d'Party ausklengen loossen well dei Leidd dei do wunnen daat anscheinend net sou witzeg fannen, an dun huet alt mol e spaassegen Rotzbouf gemengt heen geif lo mat senger Scheiss hei na e puer Leidd uscheissen. Gottseidank waren mir awer do schon doheem, well op sou Begeignungen gin mir jo wierklech guer naischt! Halloween an Amerika ass schon eppes Extraes!

Keine Kommentare: