Freitag, 3. November 2006

Coastal Trail from Golden Gate Bridge to Cliff House - 5. Daag

Haut wollten mer eis dunn awer endlech mol dei welberühmten, roud Breck vun no ukucken. Also hun mer eis an en MUNI-Bus gesaat an sin bis bei d'Golden Gate Bridge gefuer. Et ass wierklech impressionant, wann een de Niwwel sou iwwert der rieseger Stoolkonstruktioun hänken gesait. Deen Niwel ass iwregens ganz normal vir San Francisco, daat ass klimabedengt, moies ass Niwel, dann get en am Daag vun der warmer Loft aus dem Banneland op d'Mier gedriwen a zitt am speiden nometten, wann d'Loft oofkillt, nees an d'Staat eran.
Vun der Breck aus sin mer dun den Coastal Trail iwwert d'Klippen bis zur Baker Beach gelaaf, wou mer di toll
Sandtraap do fonnt hun ;). Sou eppes hun mer mengen ech och na nie gesin...

Vun do aus goung et weider laanscht d'Mier bis an sou e Nobel Wunn-Veirel wou anscheinend och den Robin Williams en Haus soll hun, daat mer natierlech net gesin hun ;).
Dunn ass et weider gaang bis bei d'Cliff House, en Betonklotz, deen awer op 100 Joer aalen Fundamenter steet. Daat ass net wierklech e scheint Gebei, mee vun do aus huet een eng ganz flott Vue iwwert de pazifeschen Ozean. Direkt dernierwt leit d'Ocean Beach wou souguer em des Zeit vum Joer na Leit am Waasser waren.
Daat heiert sech lo net sou un, mee daat waren sou 6 kilometer zu Fouss rop a roof, also fir de Lauri mol secher keen Kado ;). Mee et war jo alt weinstens derwärt ;).

Owes sin mer dun mol vir d'eischt an en amerikaneschen Kino gaang. De Choix war op "Borat" gefall, an en war schlecht, mee d'Amerikaner hun sech eweg geheit.
Dono sin mer na mam Markus an Patricia an en Irish Pub eppes drenken gang.

Keine Kommentare: