Donnerstag, 2. November 2006

SOMA and Union Square - 4. Daag

Haut hun mer eis e bessen den "South of Market District" ugekuckt. D'Market Street as eng vun den längsten Strossen an San Francisco an verleeft vun Twin Peaks bis bei d'Ferry Building um Mier diagonal duerch daat ansonsten gläichméissegt Strossennetz.
Hei hun mer eis e bessen am Yerba Buena Garden erholl an den MOMA (museum of modern art) vun baussen ungekuckt. Et bedierf wuehl na e bessen Iwwerriedungskonscht, bis d'Lauri sech iwwerrieden léisst do eng Kéier mam Sacha ranzegoen ;)

Dono sin mer op d'Daachterrass vum Macy's um Union Square geklomm vun wou mer déi heiten Vue e bessen genoss hun. Hei gesäit een jo och schon ganz gudd, dass San Francisco en richtegt Shoppingparadies as waat sou engem Shopaholic wéi dem Lauri schon mol zum Verhängnis gin kéint ;).

Owes sin mer dunn mat e puer Leidd an eng Billardbar eppes drenken gang, wou, wéi iwwerall hei natirlech net gefemmt dierf gin.

Keine Kommentare: