
Haut sin mer op Drängen vun dem Ria, engem Meedchen aus Dresden waat mer zesummen mat senger Schwester Iris kennen geléiert hun op d'Fischerman's Wharf d'U.S.S. Pampanito kucken gang, engem U-boot, waat am 2. Weltkrich am Pazifik aktiv war.

D'Ria as groussen Boot-Scheff-Fan. :) Et war relativ eng an beklämmend do bannen, ma schon zimmlech interessant. Dono hun mer eis na den Ghirardelli Square ugekuckt, waat fréier eng Schokolasfabrik war an wou se na emmer den Ghirardelli Schokola verkafen, den mer natirlech hun schmaachen missen :).

Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen