Montag, 30. Oktober 2006

San Francisco, Baby!!! - 1. Daag

Aloa dir Leidd!
De Lauri an de Sacha sin gudd zu San Francisco ukomm an kommen net méi aus dem Staunen eraus!

Eis éischt Impressiounen kann een sou zesummenfassen: ganz vill Kontraster niewteneen, souwuehl waat Leidd ugeet, wéi och Kultur an Architektur. D'Wieder as gudd. Et kann een baal alles zu Fouss maachen, och wann een dofir schon mol deen een oder aaneren klengen (oder och mol gréisseren) Bierg erklammen muss.

Ah jo, an et as einfach nemmen megatoll!!! :)

Mir wunnen an engem kitschegen, lavendelfuerwenem Gebai op der Post Street, net wäit vum Union Square (also zimmlech zentral).

Méindes den 30. Oktober hun mer eis dunn mol eisen spassegen College ugekuckt. (well mir sin jo schliesslech net nemmen hei fir Vakanz ze maachen-wann och haaptsächlech, mee egal)
Den Eingangstest war lo net wiiierklech usprochsvoll an dunn hun se eis mol an déi Klass mat dem héchsten Niveau gesaat.
Eis Proffen hun all definitiv en Eck eweg, mee et sin schon e puer witzeg Unikater do dabäi :)
Also am groussen ganzen kann de Sacha hei, och psychologesch gesin, na vill léieren. ;)

Mir hun den éischten Daag eng Reih nei Bekanntschaften geknäppt, allerdings nemmen däitschsprocheg Leidd, waat natirlech toll as, wann een heihin komm as fir säin englesch e bessen opzepoléieren ;)
D'Patricia as eng Woch hei an mecht dono en Internship vun 8 Méint zu Santa Rosa, D'Christine an den Tom sin aus Däitschland an bleiwen genau sou lang hei wéi mir an den Markus as vun Berlin heihinkomm an bleiwt 4 Wochen hei.

No dem 1. Schouldaag sin mer dunn na e bessen ronderemgelaaf, iwwert den Union Square an eng Kéier kuerz an Chinatown eran. Dunn hun mer eis dem Jetlag ergin an sin zimmlech fréi heemgaang wou mer dunn zefridden ageschlof sin :)

Keine Kommentare: