Sonntag, 7. Januar 2007

Marine Headlands and Matterhorn - 71. Daag

Haut hun mer vum genialen Wierder profitéiert an hun eis zesummen mam Christine an Tom e bessen an d'Natur ofesaat. Eng hallef Stonn vum Staatzentrum eweg, op der aanerer Säit vun der Golden Gate Bridge an hannert de Küstenfielsen sin d'Marine Headlands, en wonnerschéint an virun allem rouegt Naturschutzgebidd, wouhin d'Leidd vun San Francisco gären kommen wann se der Groussstaathektik e bessen entkommen wellen.
Mir hun den Trail rondrem d'Rodeo Lagoon gemach, an der sech och emmer erem Pelikanen afannen, an hun dunn e bessen den stiermeschen Wellen um Rodeo Beach nogekuckt. Hei hun d'Christine an Tom beim Fotoknipsen e bessen den onberechenbaren Pazifik ennerschätzt an sin voll vun enger Well erwescht gin. Zum Gléck konnten se an der warmer Sonn relativ schnell rem drechnen :)
Mir sin dunn d'Klippen ropgeklomm bis mer erem eng wonnerschéin Vue zreck op d'Staat haten. Du sin mer weider bis zu den Küstenklippen gewandert wou mer eis na een vun den älsten Leuchttiirm aus der Bay Area ugekuckt hun. Well den Wee bis bei den Tuerm am groussen Erdbiewen agestierzt war, féiert elo eng klappreg Hängebreck bis op den Fiels mam Tuerm. Dunn sin mer na bis bei eng vun den villen Befestegungsanlaagen aus dem spuenesch-amerikaneschen Krich uewen op den Klippen geklomm an sin dunn lues rem zréck zum Strand getreppelt. Hei hun mer na e bessen den Surfer nogekuckt bis mer schliesslech rem den Bus zréck an den Groussstaatdjungel geholl hun.
Owes sin mer dunn an den Matterhorn, een vun den wéinegen schwäizer Restauranten hei eng Kéisfondue an dono eng Schokolasfondue iessen gang an sin schliesslech zimmlech voll gefriess an glecklech heemgerullt. :)

Keine Kommentare: